Hyundai weist um Festival, dat E-Mobilitéit net onbedéngt muss deier sinn.

Mat Spannung erwaart

Et muss net ëmmer ee grousse schwéieren an deieren SUV sinn – mam Inster bréngt Hyundai ee klenge gewiewege Stadauto, dee Plaz fir Passagéier a Gepäck bitt an trotzdeem bis zu 355 km elektresch fuere kann. A virun allem net ze deier kascht. Op der anerer Säit sinn d’SUV’en bei de Koreaner nach ëmmer e feste Pilier. Den neie Santa Fe war lescht Joer nach net um Festival ze gesinn a kënnt elo 2025 mat engem iwwerraschend eckegen Design. Dat huet awer och e prakteschen Hannergrond, besonnesch am Stadverkéier soll déi 5. Generatioun domat iwwerzeegen.

Frësch gemaach

Den Ioniq 5 ass schonn zeideg fir eng kleng Renovatioun. Et sinn awer just Klengegkeeten, déi am Verglach mam Virgänger änneren. Virun allem déi verbessert Batterie dierft hei vill ausmaachen. Interessant bleift och nach ëmmer de Bestseller Tucson. Hei stoung am Kader vum Facelift ënnert anerem en neie Banneraum um Menu.