De klenge Brudder vum EV9 ass de Star vum Festival.

Entrée en Gamme

Designméisseg läit den neien EV3 voll am Stil vum groussen EV9, präislech kënnt de kompakten E-SUV mat ëm déi 40.000 Euro den Interessenten awer e gudde Krack entgéint. Dozou kënnt eng aktuell maximal Autonomie vu 600 km woumat sech den EV3 däitlech vun der Konkurrenz ofhiewt.

Facelif

Fir den EV6 steet en renovéierten Design an nei Technik esouwéi eng nei Batterie mat bis zu 582 km Autonomie um Programm.