No der duebler Première vum leschte Joer gëtt elo mat Spannung d’Nummer 5 erwaart.

Mat GLB-Vibes

Et gëtt emol einfach d’Nummer 4 iwwersprong – drëtte Lancement nom Neistart ass de smart #5. De Premium-SUV gläicht nawell vill dem GLB vu Mercedes a soll mat ville Features wéi engem robusten Design, topmoderner Elektronik an 800V-Batteriesystem kommen. Fir de Festival wäert de smart-SUV awer nach net ze gesi sinn.