Eenzeg “richteg” Nouvelle fir de Festival ass am Fong schonn een ale Bekannten.

Bei Toyota akaf

Swace nennt sech deen “neie” Suzuki deen um Festival Première feiert. Et ass am Fong näischt anescht wéi ee Corolla Kombi, deen sech Suzuki aus der Kollaboratioun mat Toyota léint. Engersäits fir nees am Segment vun de Familljenautoen Fouss ze faassen an anerersäits esou hir Clienten ze fideliséieren. Anengems ass et deen éischte Full Hybrid an hirer Gamm.

Elekrifikatioun

Hybrid ass och d’Stéchwuert fir d’Modeller Swift, Swift Sport, Ignis, Vitara an S-Cross. Quasi déi ganz Gamm ass elo och mat Mildhybrid-Motorisatiounen ze kréien.