D’Gamm vu Polestar gëtt ëmmer weider ausgebaut. Déi lescht Nouvelle start an enger ganz beléifter Kategorie.

Deen Drëtten am Bond

Mam Polestar 4 start deen éischten SUV-Coupé vun der nach relativ jonker Autosmark. Natierlech zielt an dësem Segment den Design mat villen Elementer vum Concept Car, wéi zum Beispill de Verzicht op eng Heckfenster. Mee awer och d’Plaz bannenan an de “Cocoon-Feeling” ass ee wichtege Facteur. Ugedriwwe gëtt natierlech elektresch, mat tëscht 200 a 400 kW Motorleeschtung a maximal 610 km Autonomie.