Star vum Festival ass dee renovéierte Model 3.

Milliounefach verkafMam Model 3 koum 2017 an den USA an 2019 an Europa fir Tesla esou richteg den Duerchbroch. Deen éischte bezuelbaren Elektroauto war do an huet sech entspriechend gutt verkaf. Mat der Zäit gouf et ëmmer nees Updates, elo gëtt de Mëttelklass-Stromer awer méi grëndlech opgefrëscht. De Baussendesign ass elo méi glat a krut nei Luuchten, virun allem awer de Banneraum gëtt mat neie Commanden a besserem Confort ausstafféiert. A punkto Technik hale sech d’Ännerungen awer méi zeréck.