Parlamentaresch FroKäerjenger Contournement geet fréistens 2026 op

RTL Lëtzebuerg
Virun der Summervakanz 2018 an der Chamber gestëmmt, mä och 2 Joer no deem Vott ass nach kee Bagger gefuer.
© RTL-Archiv

Bis datt dat Stéck Strooss den Zentrum vun der Brauerei-Stad entlaaschte wäert, dauert et nach e bëssen. Leschten Estimatiounen no kann de Contournement fréistens a 6 Joer opgoen, wann dann alles riicht leeft.

An dat heescht an dësem Fall, wann da bis all d’Autorisatioune virleien, fir datt de Chantier fréistens am Hierscht d’nächst Joer kann ufänken.

Dat äntwert de Minister fir d’Travaux publics François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Lsap-Deputéierten a Käerjenger Conseiller Yves Cruchten. Deen hat ewell beim Vott an der Chamber 2018 eng Motioun agereecht, déi och ugeholl gouf, déi freet, datt de Chantier net éiweg laang dierft schleefen.

Käerjenger Contournement fréistens fir 2026 / Rep. Roy Grotz

De Minister Bausch preziséiert a senger Äntwert déi verschidden Etappen, déi de Projet vum Contournement ewell duerchlaf huet, eng “Umgehung”, déi jo soll un den Dippecher Contournement ugebonne ginn, en Dossier, dee jo hänkt.

Scho beim Vott 2018 koum et zur ongewéinlecher Situatioun, datt d’Suessemer Lsap-Deputéiert Simone Asselborn-Bintz a Georges Engel de Sall verlooss haten, fir net géint de Projet vun der Majoritéit mussen ze stëmmen.

Wou si mer lo drun?

Eng Hellewull vun Etüde goufen ewell realiséiert: sief et den Impakt vum Kaméidi iwwert d’Geologie an Topographie vum Terrain an natierlech iwwert d’Inzidenzen op d’Ëmwelt, well den Tracé duerch eng Natura2000 geet an och d’protegéiert Fiicht-Zone “Dreckswiss” touchéiert.

Den ökologesche Bilan muss lo gerechent ginn, fir erauszefannen, wéi eng Flächen u Bëscher, Wisen, Moueren an Dëmpele mussen nei ugeluecht oder renaturéiert ginn. Dës Kompensatiounsmesurë solle bis den Hierscht finaliséiert sinn.

All dës Etüdë sinn an en detailléierten Avant-Projet agefloss, dee lo virläit, sou datt déi éischt Dossiere fir d’Soumissioun fir de Bau vum estiméierten 139 Milliounen deiere Stroossebauprojet kënne preparéiert ginn, sou datt se ugangs 2021 solle fäerdeg sinn. Kommunal Baugeneemegunge sinn iwwerdeem keng néideg.

Hei ass also ee weideren Tracés-Sträit tëscht Käerjeng a Suessem galant evitéiert. 2018 hat de Suessemer Gemengerot nom Vott an der Chamber iwwerdeem dogéint gestëmmt, fir wéinst dem Projet viru Geriicht ze goen.

2016 hat sech d’Regierung fir d’Variant “Bobësch” decidéiert - 4,2 Kilometer Strooss mat 5 Brécken, mä nach net fir haut oder muer, mä 10 Joer drop.

PDF: Äntwert vum François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten (9.6.2020)

Back to Top
CIM LOGO