
Ënnert anerem koum et tëscht Keespelt a Schëndels, um CR102, zu engem Accident, an deem 4 Autoen am Coup sinn an déi ganz Strooss blockéiert war; ufanks war vun 10 Autoe rieds. Accidenter mellt den ACL och tëscht Kaalmes a Sëll oder op der A7 a Richtung Stad an der Opfaart Colmer-Bierg. D’Plazen hei si blockéiert a sollen evitéiert ginn. Wéinst glate Stroosse koum et och zu Accidenter a Virfäll um CR356 tëscht Suewelbuer an Iermsdref, zu Suessem, zu Kënzeg oder um Kierchbierg bei der Offaart vun der Autobunn, just virum Rond-point Serra. Och hei ass et deels spigelglat.
Weider ginn dann och Accidenter op der N11 an um CR121A tëscht Gonnereng a Jonglënster gemellt. Ënnert anerem sinn hei zwee Autoen am Gruef gelant an nach eemol ee Camion, deen och am Gruef gelant ass. Tëscht Peppeng a Beetebuerg dann änlech Biller: hei ass eng Camionnette am Gruef gelant, en Auto huet sech iwwerschloen. De CGDIS ass hei op der Plaz. An och tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg ass en Auto an de Gruef gaangen, och hei ass de CGDIS am Asaz gewiescht.
De CGDIS mellt awer vun de Moien och scho Blesséierter. Ënnert anerem tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg, zu Gonnereng an tëscht Brouch a Bech waren e Mëttwoch de Moien fréi all Kéiers Autoe wéinst Glatäis vun der Strooss ofkomm an an de Gruef gaangen. Dobäi gouf all Kéiers och eng Persoun blesséiert.
Tëscht Habscht a Schweech war en Dënschdeg den Owend géint hallwer 11 schonn en Auto op d’Kopp gaangen. Heibäi goufen et dräi Blesséierter.
Den ACL mellt, et soll ee gutt oppassen, bei Temperature ronderëm de Gefréierpunkt. E Mëttwoch de Moien kann den Zoustand vun der Strooss sech permanent veränneren. Uecht gi speziell an de Bëscher, laanscht Baachen a Flëss an op Brécken. Et soll een säi Fuerstil de Wiederkonditiounen upassen.