Vill Leit ware sech net sécher, ob déi méi labber Reegele beim Undoe vun de Schutzmasken och am Auto gëllen.

Nodeems d'lescht Woch jo d'legal Restriktioune méi labber gemaach goufen, wann een zu manner wéi 20 iergendwou zesumme kënnt, ass et op RTL-Nofro hin dann elo och d'Bestätegung aus dem Staatsministère, dass dat och z'applizéieren ass, wann een am Auto ënnerwee ass.

Hei huet ee jo mussen eng Schutzmask undoen, wann een zu puer Leit am Auto souz, déi net aus dem selwechte Stot waren.

Dat ass dann och elo net méi néideg. D'Schutzmask gëtt awer weiderhi recommandéiert, ma ass keng legal Obligatioun méi.

Am ëffentlechen Transport gëllt awer weiderhin d'Maskeflicht.