
Am Kader vum Ausbau vun der Diddelenger A3 sinn de Weekend eng Rei Aarbechte geplangt, wéinst deenen d'Autobunn a béid Richtunge gespaart muss ginn.
Vun e Freideg den Owend 20 Auer u bis e Méindeg 4 Auer ass d'Autobunn a Richtung Stad tëscht dem Beetebuerger an dem Gaasperecher Kräiz gespaart. Deementspriechend dann och d'Opfaart vum Beetebuerger Kräiz vun der A13 op d'A3 an d'Opfaart Léiweng vun der N31 op d'A3.
Vun e Freideg 21:30 Auer bis e Méindeg 4 Auer ass d'Autobunn dann och nach a Richtung Metz tëscht dem Rond-point Gluck an dem Beetebuerger Kräiz gespaart, souwéi d'Verbindung vum Gaasperecher Kräiz vun der A1 an der A6 Richtung Metz, d'Opfaart Hesper vum CR231 op d'A3 Richtung Metz an d'Opfaart Léiweng vun der N31 op d'A3 Richtung Metz.
D'Deviatioun féiert ënnert anerem iwwer d'A6, d'A4, d'A13 an dem Beetebuerger Kräiz.
Wéinst dem Chantier wäert och d'Aire de Berchem de Weekend op béide Säiten zou sinn. D'Opfaart fir d'Aire gëtt e Freideg souguer scho géint 18:30 Auer gespaart.