Tunnelle Stafelter, Grouf a GousselerbiergStreckeradare gi bis Enn dës Joers installéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi schonns méi laang annoncéiert, wäerten dës speziell Radaren an deenen 3 Tunnellen op der A7 bis Enn 2022 installéiert ginn.
© RTL

Zesumme mat Entretiensaarbechte wäert de Käschtepunkt dofir bei 1,7 Milliounen Euro leien. Dat äntwert de Mobilitéitsminister Bausch op eng parlamentaresch Fro a confirméiert domadder d’Annoncë vun enger rezenter Pressekonferenz.

Zanter 2015 hätt et an deenen Tunnellen, mat deem klengen Tunnel zu Miersch zesummegeholl, alles an allem 115 Accidenter ginn.

Hei déi komplett Äntwert vum Minister François Bausch op déi parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Max Hahn.

Back to Top
CIM LOGO