
Nodeems den Zuchtunnel Schieburg Enn August zum Deel agefall ass, fiert keen Zuch méi wäit wéi bis op Kautebaach. Et kommen zanterhier Busser an den Asaz, fir de Verloscht vun den Zich ze kompenséieren. Et gouf allerdéngs zimmlech séier kloer, dass d’Unzuel vun den agesate Busser net optimal ass, dofir reagéieren d’CFL elo a si konnten nei Ressourcë mobiliséieren, fir weider Busser anzesetzen.
Déi nei Verbindungen, déi vum 3. Oktober un ugebuede ginn, fueren dann am Stonnentakt a béid Richtungen, tëscht Ettelbréck, Wëlwerwolz, Draufelt, Clierf an Ëlwen. Den Trajet tëscht Ettelbréck a Clierf gëtt mat 49 Minutte berechent. Dee Bus hält och op der Gare zu Ëlwen.