Nodeems eréischt am Summer de Bobësch besat gouf, fir en Zeeche géint d‘Ëmhae vum Bësch fir de Contournement ze setzen, hunn den Ëmwelt-an den Transportministère eng nei Variant op den Dësch geluecht: Amplaz eng Strooss duerch de Bësch wier eventuell och en Tunnel drënner erduerch méiglech. Dee Virschlag misst u sech fir Begeeschterung suergen.
Bei der Biergerinitiativ Bigs ass een net begeeschtert, mä op den éischte Moment emol erliichtert. De Syndicat setzt sech zanter 20 Joer fir de Bobësch an. D‘Presidentin Patrizia Arendt, weist sech nach skeptesch:
„Mir sinn duerch déi lescht 20 Joer ganz vigilent ginn, well mir do ëmmer nees nei Variante presentéiert kruten, déi duerno awer net gutt waren. Esou en Tunnel huet sécherlech och Impakter op den Drainage. Mir mussen dat préiwen, mir wëssen och nach net, wéi de weideren Traçé ass, well do ass nach eng Naturzon, d‘Dreckswiss, a Wisen déi impakéiert sinn.“
Fir d’Biergerinitiativ brauche Käerjeng a Suessem kee Contournement, eng einfach Verkéiersdeviatioun wéi se am Moment wéinst engem Chantier en place ass géif et och doen.
An der Gemeng Suessem kënnt déi nei Variant op den éischte Bléck gutt un. Et wier een zwar ëmmer géint de Contournement gewiescht, mee et géing een och verstoen, dass de Verkéier op der Avenue de Luxembourg stéiere géing. Den Tunnel wier dofir eng gutt Alternativ, well de Bësch net géing duerchgeschnidde ginn, erkläert d‘Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz. Dowéinst wier et och net dramatesch, dass de Projet duerch déi nei Variant weider Retard kritt.
Guer net frou iwwert déi nei Propos ass awer de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter: Et wier een am Glawen op de Rendezvous mat de Ministere gaangen, elo gewuer ze ginn, wéini d’Aarbechte fir de Contournement uginn. Amplaz hätt e bemol eng ganz nei Variant um Dësch geleeën, an deem Fall missten alleguer d’Etüden an d’Demarchen nees nei gemaach ginn. Fir de Käerjenger Buergermeeschter en inakzeptabele Retard vun 10 bis 15 Joer. Domat géif de Minister Bausch sech weder un de Projet de Loi, nach un d’Verspriechen halen, mat den Aarbechten dëst Joer unzefänken. Dat hätt hien dem Michel Wolter no d’lescht Joer versprach.
An den nächste Woche sollen d‘Gemenge méi am Detail iwwert déi nei Tunnel-Variant informéiert ginn. Bis ewell ass nach näischt definitiv decidéiert.
Déi Gréng Käerjeng stinn enger Tunnelvariant positiv géigeniwwer, sou hiert Schreiwes vum Sonndeg den Owend allerdéngs wier et wichteg, datt déi ganz Prozedur elo net ze laang dauert an et misst kloer sinn, datt déi nei Variant op séchere Féiss steet.