Éischt Waasserstoff-Tankstell ageweit
De Waasserstoff gëllt als propper Alternativ zu fossille Brennstoffer a vill Leit gesinn och Avantagen zur klassescher Elektromobilitéit.
D'Regierung wëll d'Pist vum Hydrogen weider suivéieren. En Dënschdeg de Moie gouf déi éischt Bensinnsstatioun am Land ageweit an zwar zu Beetebuerg.
Wat ass Waasserstoff?
Bei dëser Technologie liwwere Brennstoffzellen d'Energie fir en Elektromotor an net eng Batterie wéi bei den haut gängegen Elektrogefierer. Den Hydrogen huet vill Fans an et gëtt eng Rei Avantagen, zum Beispill huet ee séier getankt an de Verbrauch ass niddereg.
Et gëtt awer och Negatives, zum Beispill sinn d'Käschte fir Gefierer a fir de Waasserstoff nach zimmlech héich. An: et gëtt nach net vill Infrastruktur, also bis elo keng Tankstellen.
1. Tankstell zu Lëtzebuerg
Mat dat frouste Gesiicht zu Beetebuerg hat bei der Aweiung de Guy Breden, den éischte Lëtzebuerger Proprietär vun engem Waasserstoffauto.
Bis elo huet hien ëmmer missten op Saarbrécken rennen, fir ze tanken.
Ech war lo 28 Mol zu Saarbrécken, zënter 2021. Amplaz 218km fueren ech elo nach 18km. Dat do gëtt elo vun haut u mäin Haaptauto.

© Didier Weber / RTL
Den Exercice vum Tanke vum Waasserstoff-Gefier ass mol guer net esou ongewinnt. Et ass ganz einfach. Et kann een an 3 bis 4 Minutten tanken an et kënnt ee 600 Kilometer wäit. Et sinn u sech Gewunnechte wéi bei engem Bensinner.
D‘Waasserstofftankstell gouf an d'Statioun vun Total Energies um Site vun CFL Multimodal integréiert. Kënnt dann do jiddereen hin, also och eng Persoun mat engem Privatauto?
Jo, dat ass u sech eng ëffentlech Tankstell, seet d'Barbara Chevalier, Direktesch vu CFL Multimodal. Mir passen awer extrem op, well et Logistik-Site ass, dee securiséiert ass. An enger éischter Phas gi Mesuren en Place gesat, fir den Accès fir Privatgefier a Camions-flotten ze favoriséieren.
D'CFL schwätze vun enger komplementar Offer zum Zuch, fir Cargoclienten, déi op emissiounsfräi Camione wëlle setzen. Politesch an organisatoresch gesi war d'Arrivée vun der éischter Waasserstofftankstell eng Schwéiergebuert.
Projet krut Retard
Zu Bartreng konnt e Projet net realiséiert ginn, Partner sinn ofgesprongen, dat Ganzt krut Retard. Fir de gréngen Energieminister Claude Turmes ass et wichteg, datt no all deene Joren eng gutt Léisung fonnt gouf an datt ee lo mat deem Projet hei Experienze ka sammelen. Et ass eng Tankstell mat gréngem Waasserstoff. Alles anescht mécht kee Sënn. Mir hunn och derfir gesuergt, datt de Präis hei méi gënschteg ass wéi am Ëmkrees vun 150km.

© Didier Weber / RTL
An zwar läit dee bei 13 Euro pro Kilo. Als Géigeleeschtung fir Subventioune gouf do en Deal mat Total Energies fonnt.
A propos Präis: Den Investissement läit bei 2,7 Milliounen.

© Pit Everling