E Freideg hunn d'Aarbechten um Pont Hammerel ugefaangen. Um 1. Dag war et am Trafic an a ronderëm Beetebuerg trotz villen Ëmleedungen awer nach roueg.

Um 6 Auer e Freideg de Moie fréi hunn d'Ponts et chaussées zesumme mat der Police déi bal 50 Joer al Bréck iwwer der Zuchstreck gespaart. Dauere wäert dës Spärung nach bis Enn des Joers.

D'Spärung vun der Bréck bréngt awer net just Changementer fir d'Automobilisten a Camionschauffer mat sech, mä och fir d'Rettungsdéngschter. Fir trotz Schantje séier op béide Säite kënnen ze hëllefen, huet de CIS Beetebuerg nieft engem 2. provisoresche Standuert am ëstlechen Deel vu Beetebuerg, och eng "Behelfsbréck", wou d'Rettungsgefierer vum CGDIS am Noutfall kënnen driwwer fueren, installéiert.

Wéi eng Ännerungen an Deviatiounen nach dëst Joer op d'Chauffer a Foussgänger vu Beetebuerg duerkommen, kënnt Dir an eisem Artikel iwwert de ganze Schantjen noliesen.