Nach bis de 15. Juni dauert de Festival vun den Occasiounsautoen.

Fir déi zwielefte Kéier gëtt den Auto-Occasiounsfestival organiséiert. Souwuel an de Garagen ewéi dëse Weekend zu Ettelbréck an den Däichwise kann ee sech en Iwwerbléck vun Occasioune verschafen.

58.806 Occasioune goufen 2023 verkaaft. Dat sinn der iwwer 170 méi, ewéi dat Joer virdrun. Tëscht 2018 an 2021 goufe pro Joer 60.000 Occasioune verkaaft.