Boulevard Grande-Duchesse Charlotte nees fir de Verkéier op
Obwuel een aktuell nees a béid Richtungen eespuereg iwwert eng vun de wichtegste Stroossen zu Esch fuere kann, ass de Chantier awer nach net ofgeschloss.
Leschte Samschdeg um 13 Auer koum déi éischt Phas vun engem grousse Chantier an der Minettmetropole dem Ofschloss e gudde Schratt méi no. De Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, deen den Osten an de Weste vun Esch matenee verbënnt, ass nees fir den Trafic opgaangen, dat emol iwwert eng Spuer a béid Richtungen.
Ma, esou heescht et vun der Gemeng, ass déi éischt Phas vum Chantier nach net ganz ofgeschloss. Well d'Avenue de la Paix huet elo op der Kräizung mam Boulevard misste gespaart ginn, fir hei am nächste Mount ofschléissend Aarbechten un den ënnerierdesche Reseaue maachen ze kënnen an och déi definitiv Signalisatioun op dëser dach vill befuerener Kräizung ze installéieren.
Wann dëst da fäerdeg ass, ass och déi éischt Phas vum Chantier op dësem Tronçon ofgeschloss. Wéi et dono weidergeet, konnt d'Gemeng awer nach net matdeelen.
Dëse Chantier ass en Deel vum Plan Local de Mobilité (PLM 2035) a preparéiert ënner anerem d'Arrivée vum "séieren Tram" zu Esch.