24 Stonnen nom Cannabiskonsum keen Auto fueren

© Image Envato Symbolbild
Zanter dem 1. Abrëll gëllt eng Deel-Legaliséierung fir Cannabis an Däitschland, zu Lëtzebuerg ass de Konsum ënner Konditiounen zanter Juli 2023 legal.
Ma wéi verhält ee sech, wann een nom Konsum wëll Auto fueren? Wéi laang muss ee waarden, wann ee sech hanner d'Steier sëtzt?
Den däitschen ADAC huet dëst elo getest. Si recommandéieren de Leit, déi geleeëntlech Cannabis konsuméieren, sech 24 Stonnen dono net hanner d'Steier vun engem Gefier ze setzen. Do virdru wier e séchert Fueren net méiglech, sou den ADAC zu München, wou e Méindeg d'Resultater vun engem Test mat 3 Cannabiskonsumente presentéiert goufen.
Zanter dem 1. Abrëll dëst Joer krut de Konsum vu Cannabis bei eisen däitschen Nopere jo eng legal Basis. Zu Lëtzebuerg ass dëst schonn zanter Juli 2023 de Fall.
Fir eng Participatioun am Stroosseverkéier soll e Grenzwäert vun dräi an engem hallwen Nanogramm vum Rausch-Wierkstoff THC pro Milliliter Bluttserum gëllen. Bei Fuerufänger gëllt e Wäert vun engem Nanogramm pro Milliliter. An dat gëllt fir all d'Automobilisten.
Den ADAC hat an deem Kader gekuckt, wéi kapabel d'Testpersounen nom Cannabiskonsum nach waren, dat no allkéiers enger Stonn, 4 Stonnen an 20 Stonnen. Et goufen deemno och allkéiers Bluttprouwe geholl, fir d'THC-Konzentratioun ze bestëmmen. Am Verglach mam niichteren Zoustand waren d'Selbstaschätzung an déi gewise Leeschtunge souwuel am Auto wéi och bei kognitiven Tester méi schlecht.
D'Persounen haten däitlech Aussetzer. Zum Beispill gouf vergiess, de Sëtz oder Säitespigel richteg anzestellen, si kruten de Gank net méi richteg dran, krute sech net méi uerdentlech geparkt, sinn onsécher oder ze séier gefuer. Bei de kognitiven Tester hunn d'Experte festgestallt, dass d'Gediechtnes an d'Konzentratioun net méi richteg matgespillt hunn.
De Risk fir en Accident däitlech erhéicht
Mat 7 bis 12 Nanogramm pro Milliliter läit d'THC-Konzentratioun däitlech iwwer dem erlaabte Grenzwäert. Véier Stonnen nom Cannabiskonsum ass d'THC-Konzentratioun am Blutt zwar nees op dräi an en hallwen Nanogramm pro Milliliter erofgaangen, d'Fuersécherheet wier domat awer net garantéiert. Bei den Testpersoune sinn deen Ament weder d'eege Perceptioun nach d'Auswäertung vun de Fuer- a Kognitivtester gutt genuch ausgefall, fir kënne feelerfräi Auto ze fueren, sou den däitschen Automobilclub.
Eréischt 20 Stonnen nom Konsum wieren d'Testpersounen nees dozou amstand gewiescht. Dat hätte Blutttester an och d'Aschätzung vun den Experte gewisen. An deem Sënn recommandéiert den ADAC dann och, sech op d'mannst 24 Stonnen nom Cannabiskonsum net hannert d'Steier ze sëtzen.