Op Besuch am Museo Nazionale dell' Automobile
De Jeannot Boesen huet an Italien e Musée fir Automobil besicht an erzielt, wat et do alles ze entdecke gëtt.
De méi wéi 90 Joer ale Musée iwwer Automobil, an der Corso Unita 40, direkt niewent dem bekannte Floss Po zu Turin, an der Regioun Piemont, gouf am Joer 2011 fir iwwer 30 Milliounen Euro restauréiert a vergréissert. Op dräi Etagen verdeelt an op 19.000 Metercarré kritt de Visiteur knapp 200 Autoen aus der Geschicht vum Automobil ze kucken. Presentéiert gëtt och d'Geschicht vun der italieenescher Kultur an eng Gesellschaft aus Rees a Sprooch duerch d’Welt.

© Jeannot Boesen
Eng ganz Partie Autoen aus aacht Länner, sinn op den ieweschten zwou Etagen ausgestallt. Dës kommen aus Amerika, England, Belsch, Frankräich, Däitschland, Russland, Schwäiz an natierlech Italien. Nieft de klasseschen, italieeneschen Autoe vu Ferrari, Alfa Romeo, Lancia a Fiat, gesäit een och eng ganz Rei Oldtimer vu Mercedes, Rolls Royce, De Dion-Bouton, Brixia-Züst, Isotta Fraschini, Cord, Buick, Cadillac, Renault, Spa, Gaz, Austin, Ford, Chevrolet, jee et kann een se net all opzielen. Donieft kritt een och eng Partie Course-Autoe wéi de Fiat 130 HP vun 1907, den Alfa Romeo 33 TT12 vun 1975, de Mercedes W196 R vun 1954, den Alfa Romeo 8C vun 1930 oder dem Gilles Villeneuve säi Ferrari 312 T3 vun 1978 presentéiert. Weider Modelle vun der Rennpist stinn op engem Podium.

D’Geschicht vum Rad an den Opbau vun deene verschiddene Moteuren, also d’Mechanik am Groussen a Ganzen, gëtt am Detail erkläert. Gläichzäiteg gëtt gewise wéi d’Ingenieuren an den Ufäng vum Automobilbau mat Lineal a Bläistëft d’Karkasse vun den Autoen op engem groussen Zeecheblock skizzéiert hunn. Duerno gouf eng Maquette aus Holz gebaut, wou dann Deeler vun der Karosserie mam Hummer an déi passend Form bruecht goufen. Am Fong ass d’Häerzstéck vum Musée den Designprozess vun den Autoen. Erzielt gëtt d'Geschichte vun deene Leit, déi zu der Entwécklung vum Automobil bäigedroen hunn. Wat ëmmer méi beléift gëtt a grousse Muséeën, ass d'Notzung vum Atelier duerch Schoulen. Hei ginn zukünfteg Designer an Ingenieuren am Automobil ausgebilt.
Wéi all grousse Musée huet och de MAUTO all Joer eng speziell Ausstellung iwwert en aktuellt Thema. Sou stoung zum Beispill d'lescht Joer de 75. Gebuertsdag vu Porsche am Mëttelpunkt. Dëst Joer ass et den 30. Doudesdag vum Ayrton Senna, dee mat enger Kollektioun aus Erënnerungsstécker zelebréiert gëtt. D’Haaptattraktioune sinn all d‘Autoen an zwee Karten aus der Zäit vun 1978 bis 1981 aus dem Senna senger Karriäre.

Den Ufank mécht de Van Diemen RF82 aus der Formel Ford 1600 vun 1981 an de Formel Ford 2000 aus dem Joer 1982. Dann de Ralt Formel 3 aus dem Joer 1983, mat dem de Senna Rekorder opgestallt huet, déi bis haut nach kee gebrach huet. Aus der Zäit vun der Formel 1 gesäit een den Toleman TG184, de Lotus 97T an den 99T, dräi McLaren-Honda vum Typ MP4-4, MP 4-6 an MP 4-7 a schlussendlech de Model Williams FW16-Renault, mat dem de Senna den 1. Mai 1994 zu Imola déidlech verongléckt ass. Bei den Autoe steet och nach de Mercedes 190. Mat dësem Gefier hat de Senna d’Erëffnungscourse 1984 um Nürburgring gewonnen.

Donieft fënnt een och d’Helmer an d’Overallen aus senger erfollegräicher Karriäre, grad esou wéi signéiert Schampes-Fläschen, déi bei verschiddene Victoiren um Podium versprëtzt goufen. Dës weidere gesäit een och eng Ausstellung vun all de Biicher, déi no sengem Doud publizéiert goufen.
Eng ganz interessant Ausstellung, an dat net nëmme fir d’Veréierer vun der brasilianescher Legend. Nach bis den 13. Oktober kann een d’Senna-Ausstellung am MAUTO besichen.
