Dës Taxe musse vun den EU-Länner nach ofgeseent ginn an dierfte wuel spéitstens vun Enn Oktober un op allen Importer aus China gëllen.

Grouss Autosconstructeure wéi Tesla a VW bezuelen dogéint wesentlech manner héich Taxen. D'EU-Kommissioun reprochéiert China, den Elektroautosconstructeuren onerlaabt héich Subventiounen ze ginn. Dat kéint europäeschen Entreprisë massiv schueden. Et wieren awer ëmmer nach Negociatioune mat China méiglech, fir dës zousätzlech Taxen nach z'evitéieren, heescht et vun der Kommissioun.

Vun der chineesescher Handelskummer bei der EU koum dann och schonn zolidd Kritik un dësen Taxen. Et géif net genuch Beweiser ginn, dass Elektroautoen aus China europäesche Constructeure géife schueden. Dës Annonce géif d'Tensiounen tëscht China an der EU nëmmen nach méi verschäerfen.