Cotisatioune fir d'Joer 2025 gi liicht erop

© RTL-Archiv
Bei munche Clienten dierft dëser Deeg d'Rechnung fir d'Memberskaart beim Automobilclub ukomm sinn, an do ginn et Ännerunge fir 2025.
Et ass nämlech esou, dass souwuel bei der Memberskaart fir Lëtzebuerg, grad ewéi och bei där fir ganz Europa den Tarif no uewen ugepasst gouf.
Fir Lëtzebuerg klëmmt d'Cotisatioun vun 69 op 75 Euro (+8.7%).
Fir Europa klëmmt se vun 119 op 125 Euro (+5%).
D'Memberskaart "Young ACL" fir Automobilisten tëscht 19 a 25 Joer bleift bei 49 Euro fir Lëtzebuerg a bei 99 Euro fir Europa.
Op Nofro hi bestätegt den ACL déi Hausse an erkläert dës ënnert anerem doduerch, dass z.B. de Fuerpark am Grand-Duché ëmmer méi al gëtt. Doduerch géifen d'Gefierer och ëmmer méi ufälleg ginn. Zanter 2023 géif et eng Hausse vu 15% bei der Unzuel vun den Interventioune ginn.
D'Leit géifen hir Autoen ëmmer méi laang halen, well et eng Ongewëssheet gëtt betreffend der Elektromobilitéit... d'Leit wéissten net, ob se vun hirem Verbrenner op en Elektroauto wiessele sollen. Dobäi kënnt, dass d'Neiween a leschter Zäit e gudde Strapp méi deier gi sinn, wat eng Neiuschafung deementspriechend méi schwiereg mécht.
Zweet Hausse bannent 2 Joer
Deemools war déi National Memberskaart vun 49 op 69 Euro geklommen (+40%).
Déi fir Europa vun 89 op 119 Euro (+33,7%).
Dat war déi éischt Hausse bannent 13 Joer, déi drop zeréck ze féiere war, dass den ACL ëmmer méi Asätz hätt, d'Fraisen allgemeng geklomme sinn an och d'Personal u Kompetenz bäigewonnen hat.
Am Joer 2023 hat den ACL net manner wéi 47.000 Interventiounen, dorënner 17.000 Depannagen. An iwwer 80% vun de Fäll konnten d'Problemer vun de Gefierer nach op der Plaz geléist ginn, esou d'Ausso vum ACL.