Et gouf probéiert d’Déier anzefänken, wat awer net direkt gelongen ass. An der Tëschenzäit hat sech dunn e risege Stau op der Diddelenger A3 gebilt, dat a béid Richtungen.
Richtung Frankräich goung de Réckstau bis op d’Gaasperecher Kräiz zeréck. Aus Frankräich a Richtung Stad goung de Stau schonn zeréck bis op d’franséisch Grenz.
Mëttlerweil ass d’Streck nees a béide Richtungen op.