No 50 Joer treien Déngscht war déi al Hammerel-Bréck, déi iwwer d’Gare zu Beetebuerg geet, am Juli 2024 ofgerappt ginn an duerch eng nei Bowstring-Bréck ersat ginn. Déi nei Bréck ass eng Stolkonstruktioun mat engem Bou. Si huet eng Längt vun 148 Meter, ass 22,5 Meter héich a bréngt ouni Probleemer 1.300 Tonnen op d’Wo. Dovunner ass eleng de mëttelsten Deel schonn 990 Tonne schwéier. De Bou gëtt vu 44 metallene Kabele gehalen.
De 4. Abrëll geet déi nei Bréck fir de Verkéier op. Vun do u kënnen d’Automobilisten nees iwwer d’Gleiser am Häerze vu Beetebuerg fueren. Wéi d’Gemeng Beetebuerg iwwer déi sozial Medie matgedeelt huet, gëtt et freidegowes um 17 Auer eng Erëffnungszeremonie. Duerno gëtt se de fir den Trafic fräi ginn.
Déi al Pont Hammerel vun 1975 war an d’Jore komm. Iwwer 10.000 Gefierer hu se Dag fir Dag genotzt, an dat hat hir Spueren hannerlooss. Donieft huet se awer och net méi den neien Normen entsprach.
D’Reouverture no gutt engem Joer Bauzäit markéiert d’Enn vun enger laanger Period vun intensiver Aarbecht op der Gare vu Beetebuerg, déi net nëmmen de Stroosseverkéier op der N13, ma och de Schinneverkéier beanträchtegt huet.
D’Gare vu Beetebuerg ass den am zweethéchste frequentéierten Eisebunnsknoutepunkt zu Lëtzebuerg. 65 Deeg laang, vu Mëtt Juli bis Mëtt September, si keng Zich méi tëscht Beetebuerg an der Stad gefuer. Betraff waren net nëmme Leit aus dem Grand-Duché, ma och vill Frontalieren op de Linnen 90 (Nanzeg-Lëtzebuerg) a 60 (Esch/Rodange-Beetebuerg).
RTL-Artikel (12.8.2025): Vill Ersatzbusser am Asaz - Zweet Phas vum CFL-Chantier: Keng Zich tëscht der Stad a Beetebuerg
RTL-Artikel (25.7.2025): Mëttwoch zu Beetebuerg: Public war derbäi, wéi déi nei Hammerel-Bréck op hir Plaz koum
RTL-Artikel (25.7.2025): Nei Hammerel-Bréck gëtt op hir Plaz gedréckt: Nach dräi Joer bleift d’Zuchstreck Beetebuerg-Stad e Chantier
RTL-Artikel (21.7.2025): Mat grousser Pëtz klenggemaach: Déi al Hammerel-Bréck zu Beetebuerg ass Geschicht
RTL-Artikel (19.7.2025): No 50 Joer ofgerappt: Beetebuerg seet der Hammerel-Bréck Äddi