Streik op der belscher Bunn
Vun e Méindeg den Owend un dierft et nees zu Retarden an Annulatioune kommen

© JONAS ROOSENS BELGA MAGBelga via AFP
Fir de 14. a 15. Abrëll gëtt et nees e Streik bei der SNCB, dee vun e Méindeg den Owend 22 Auer bis en Dënschdeg 22 Auer dauere soll.
Doduerch muss een och zu Lëtzebuerg mat Retarde respektiv Annulatiounen am Zuchtrafic rechnen.
D'Leit sinn opgeruff, sech am Virfeld op www.cfl.lu oder der CFL-App z'informéieren, éier se plangen, en Zuch ze huelen.
D'CFL erënneren drun, dass d'Ersatzbusser tëscht Arel a Lëtzebuerg weider am Asaz bleiwen, dat wéinst den Aarbechten op der Streck Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel.
Am meeschte gelies