Iwwerhuelspuer op der A1 am Tunnel Houwald Direktioun Stad gespaart

Wéinst Schied um Sécherheetsequipement am Tunnel Houwald op der A1 a Richtung Stad muss d'Iwwerhuelspuer gespaart ginn.
Nom grousse Chantier op der Tréierer Autobunn tëscht dem Echangeur Kierchbierg an dem Gaasperecher Kräiz dëse Weekend bleift op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz am Tunnel Houwald d'Iwwerhuelspuer bis en Dënschdeg de Moie 5 Auer zou. Well do e Ventilator erofhänkt. Dat bedeit virun allem e Méindeg am Dag Stau. Also op der Tréierer A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz virum Tunnel Houwald. A Richtung Tréier sinn am Tunnel béid Spueren op. Am beschten dee Beräich e Méindeg evitéieren.
Trafic-Info
Offiziellt Schreiwes
Fermeture de la voie rapide du tunnel Howald sur l’autoroute A1 en direction de Luxembourg
Suite à des dommages causés aux équipements de sécurité, la voie rapide du tunnel Howald sur l’autoroute A1, en direction de Luxembourg, restera fermée jusqu’au mardi 29 avril 2025 vers 5h00.
Communiqué par l’Administration des ponts et chaussées