481 Parkplazen an eng Vëlos-Box stinn hei zur Verfügung, an et gëtt en eegenen Tram-Arrêt.

Ouverture vum P+R Héienhaff - Erklärunge vum Christophe Hochard

Parken ass 24 Stonne laang gratis, awer et muss ee méi wéi annerhallwe Kilometer wäit fueren, mat Tram oder Bus.
Anerefalls kascht et méi wéi de Kiss&Fly vum Fluchhafen. Sou soll evitéiert ginn, dass Leit um Héienhaff parken, déi dann de Fliger huelen.

Et muss een eng App vun den CFL op sengem Smartphone installéieren (P+R CFL). Iwwert déi gëtt da kontrolléiert, ob ee sech weider am erlaabte Radius ophält, oder ob een doriwwer erausfiert. Et kann een da wéi gesot 24 Stonne gratis parken. Et muss een der App dann och d'Erlabnis ginn, engem säi Standuert ze kontrolléieren.

Sollt ee sech awer net un d'Konditiounen halen, da kann et séier deier ginn. Fir 15 Minutte bezilt een 3 Euro, fir 1 Stonn 12 Euro, fir 1 Dag 80 Euro a fir eng Woch muss een 300 Euro berappen.

RTL

© Christophe Hochard