D'Rettungsservicer haten um Freideg de Mëtteg eng Interventioun zu Esch, wouduerch den Zuchtrafic beanträchtegt gouf.

Wéinst engem Tëschefall waren d'Rettungsdéngschter am Asaz an deem Beräich an dofir huet den Zuchtrafic a béid Richtungen op der Linn 60 Lëtzebuerg - Esch/Uelzecht - Rodange musse gestoppt ginn.

D'CFL hat Busser agesat, fir dass d'Leit awer op hir Destinatioun kommen.

Um 18.30 Auer koum Entwarnung vun den CFL, dass d'Situatioun sech op där Streck nees géif normaliséieren.

D'CFL appelléieren awer un d'Leit, dass se sech op www.cfl.lu informéiere sollen, fir weider Informatioune betreffend den Horairen an Alternativen.