Um Kierchbierg starten d'nächst Woch d’Aarbechte fir eng Tramslinn, déi vun der rouder Bréck iwwert de Boulevard Konrad Adenauer bis bei d'Luxexpo féiert.

Den éischten Deel vum Chantier concernéiert elo den Tracé vun 2,3 Kilometer, dee vun den europäeschen Institutioune bis bei d'Europaschoul geet.

Do sinn zwee nei Arrête virgesinn.

De Besoin wier grouss, net nëmme fir d’europäesch Institutiounen, mee och fir d’Schoul an d’Awunner aus der Ëmgéigend, erkläert de Generaldirekter vu Luxtram, den Helge Dorstewitz:

“Die neue Strecke auf der K2 – oder die wir K2 nennen auf der Boulevard Konrad Adenauer – ist ja Teil eines ganzen Mobilitätsplans des ‘Plan national de la mobilité 2035’, und von daher ist der Bedarf extrem groß. Einmal natürlich um die bestehenden europäischen Institutionen hier zu bedienen, dann natürlich auch die Europaschule, nicht zu vergessen die Einwohner von Ancient Kirchberg, also die, die hier lange schon wohnen. Im weiteren Abverlauf von K2 werden ja auch die neuen Viertel Langfur und Kuebebierg angeschlossen. Von daher würde ich sagen, dass das ein sehr wichtiger Teil ist.”  

De Chantier soll tëschent Mee a Juni 2027 ofgeschloss sinn. D’Gesamtkäschte fir den éischten Deel belafe sech op ronn 100 Milliounen Euro.

Den normale Stroosseverkéier soll och wärend dem Chantier garantéiert bleiwen.