Iwwer 90.000 Infraktioune vun de Streckeradaren op der A7 festgestallt

© Arnaud Serexhe (RTL Archiv)
An den dräi Tunnelle Stafelter, Gousselerbierg a Grouft op der A7 si jo zanter iwwer zwee Joer Streckeradaren aktiv.
Zanterdeem goufe méi wéi 90.000 Infraktioune festgestallt, wou Chauffeuren ze séier ënnerwee waren.
Dat äntweren den Inneminister Gloden an d’Mobilitéitsministesch Backes op eng parlamentaresch Fro vun der ADR.
Mat 39.700 Infraktioune gouf et der am Tunnel Grouft am meeschten. 39.300 Mol goufen do Chauffeuren erwëscht, déi liicht ze séier ënnerwee waren, an en Avertissement taxé vun 49 Euro kruten. 400 Mol waren 145 Euro fälleg an 9 Mol gouf en Délit de grande vitesse festgestallt.
Am Tunnel Gousselerbierg gouf et déi selwecht Unzuel u Strofen, déi ee wéinst Délit de grande vitesse krut. Hei goufen am Ganze bal 22.000 Leit geblëtzt. An am Stafelter goufe souguer 12 Chauffeure geblëtzt, déi iwwer d’Distanz vum Tunnel vill ze séier ënnerwee waren a sech dofir um Geriicht hu musse veräntwerten. D'Blëtzer vum Stafelter hate ronn 28.800 ze séier Automobilisten erwëscht.