
An der éischter Phas, déi vum 15. bis de 27. Juli geet, leeft de ganzen Trafic bidirektional duerch den Tube a Richtung Däitschland. D'Opaart vu Schengen aus, fir a Richtung Beetebuerg ze fueren, ass zu deem Zäitpunkt dann och fir den Trafic gespaart. D'Deviatioun leeft hei an déi aner Richtung, bis d'Sortie Pärel, vu wou aus d'Automobilisten zeréck op d'A8 a Richtung Lëtzebuerg geleet ginn, fir dann duerch den Tunnel Markusbierg op der Lëtzebuerger Säit ze fueren.
Déi zweet Phas leeft vum 27. Juli bis den 8. August, an den Trafic leeft an där Zäit duerch den Tunnel a Richtung Beetebuerg. Fir déi komplett Zäit vum Chantier gëtt d'Vitess op dëser Plaz op 70 Kilometer an der Stonn limitéiert.