Besonnesch de Präis vum Bensinn wäert ferm falen: Vun e Mëttwoch u kascht de 95er 9,5 Cent manner an domat 1,793 Euro de Liter. Den 98er gëtt ëm ganzer 10,1 Cent méi bëlleg a kascht domat 2,015 Euro pro Liter.
Och de Präis vum Diesel fält, wann och manner drastesch wéi beim Bensinn: Fir den Diesel muss ee vu Mëttwoch un 2,057 Euro de Liter bezuelen, also 3,8 Cent manner. Beim Masutt ass et eng Baisse vun 3,6 Cent op e Präis vun elo 1,539 Euro de Liter.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.