
31,4 Millioune Passagéier hunn d'lescht Joer d'Zich vun den CFL benotzt, e Plus vun 0,6 Prozent an domat en neie Rekord. Och wann d'Croissance manner héich ausfält ewéi nach an de Jore virdrun, gesäit de Generaldirekter Marc Wengler dat positiv:
"Mir hunn iwwert déi lescht 20 Joer d'Zuel vun de Passagéier méi wéi verduebelt", esou de Wengler. An awer hätt een elo op verschiddene Linnen d'Limitte vun de Capacitéiten zu de Spëtzenzäiten erreecht. "Dofir si mer frou, dass mer awer elo schonn deelweis méi laang Zich ubidde kënnen. Notamment op deene Linnen, déi am meeschte sollicitéiert sinn – dorënner och de Sillon-Lorrain. An do hu mer jo elo déi Neibaustreck, déi d'nächst Joer ugebonne gëtt. Dat heescht, da gëtt do d'Capacitéit verduebelt tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg. An dat an deem Fall mat méi laangen Zich, déi eleng ëm déi 1.000 Leit kënnen transportéieren."
Och bei der Zefriddenheet vun de Clientë ginn d'CFL sech optimistesch. Am sougenannte "Baromètre Qualité", bei deem bal 7.000 Leit befrot goufen, ass d'Bewäertung op 3,84 vu 5 geklommen.
Fir d'CFL ass dat Resultat virun allem d'Konsequenz vu ville Verbesserungen an de leschte Méint: nei Wartesäll, digital Informatiounen an de Garen, méi grouss Zich an och nei kommerziell Akaf-Offeren ob verschiddene Garen.
Finanziell war 2025 fir d'CFL e Rekordjoer. De Chiffre d'affaires vum Grupp klëmmt op 1,3 Milliarden Euro, de Benefice op 35,3 Milliounen Euro.
Grouss investéiert gouf virun allem an den Ausbau vum Schinnennetz an neit Material. Eleng bei der Infrastruktur louchen d'Investissementer bei iwwer 327 Milliounen Euro.
Dobäi geet et virun allem ëm ee vun de wichtegste Projeten am Land: déi nei Streck tëscht der Stad a Beetebuerg. Dës soll am Hierscht 2027 a Betrib goen an d'Capacitéit op der iwwerlaaschter Linn verduebelen.
Bis dohinner mussen d'Passagéier awer nach Gedold hunn. Well grad déi grouss Chantieren hunn an de leschte Méint ëmmer nees fir Stéierungen a Retarde gesuergt.
D'Pünktlechkeet vun den Zich ass 2025 liicht zeréckgaangen: vun 90,8 op 89,6 Prozent. Den CFL no loung dat ënner anerem u Streiken an de Nopeschlänner, mee och un den Aarbechten um Houwald an um Süddeel vun der Gare Lëtzebuerg.
An och 2027 wäert et nach eemol komplizéiert ginn. De Marc Wengler huet confirméiert, datt et am Summer 2027 nach eemol zu méi grousse Spärungen op der Streck Lëtzebuerg–Beetebuerg komme wäert. "Dat ass den Endspurt vun eisen Aarbechten", esou de Generaldirekter. Fir déi definitiv Ubannung vun der neier Streck géifen "e puer Woche" fir grouss Aarbechte gebraucht ginn.
D'CFL relativéieren awer: Par rapport zu engem Projet, deen iwwer e Joerzéngt gedauert huet, wier déi Zäit nach ëmmer akzeptabel.
Kritik gouf et och rezent vu Vëlosfuerer, déi sech iwwer ze wéineg Plaz an den Zich beschwéiert hunn.
D'CFL erkennen de Problem un, besonnesch an de Spëtzenzäiten. Nei Zich mat méi Waggone géifen awer méi Plaze fir Vëloen ubidden. Zousätzlech géifen och ëmmer méi Bike-Boxen an Offere fir multimodaalt Reesen ausgebaut ginn.
Op der Pressekonferenz gouf dann och eng wichtege Personal-Changement annoncéiert: De Jean-Paul Lickes gëtt neie President vum Verwaltungsrot vun den CFL. Hien iwwerhëlt de Poste vum Jeannot Waringo, deen no iwwer 4 Joerzéngten am Verwaltungsrot ophält.
De Lickes huet dobäi vun enger "grousser Responsabilitéit" geschwat an dem Jeannot Waringo Merci gesot, fir déi "zolidd Basis", déi hien iwwer Jore geluecht hätt.