A wéi laang hutt dir da fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul gebraucht? Dat ass jo heiansdo esou eng Chancësaach. Grad da wann een onbedéngt pünktlech muss sinn, da geet et guer net virun: En Accident, e Chantier oder heiansdo schéngt et emol kee richtege Grond ze ginn. Virun allem déi lescht Méint huet een d’Gefill, dass den Trafic nees no der Pandemie ugezunn ass. Mä ass dat just e Gefill oder ass dat wierklech esou? Wéi ass d’Situatioun op de Lëtzebuerger Stroossen?
Déi lescht zwee Joer war eng aussergewéinlech Situatioun op de Stroossen. Duerch d’Pandemie ass vill Home Office gemaach ginn. Deen ass an de Méint Abrëll bis Juni 2020 bis op 50 Prozent an d’Luucht gaangen.
Ma spéitstens déi lescht Méint huet een d’Gefill, dass dat net méi de Fall ass. Op den Autobunne gëtt d’Verkéiersopkommes gemooss, do gëtt gekuckt, wéi vill Autoe laanscht fueren an dann den Duerchschnëtt vum Dag geholl. An do spigelt sech awer en anert Bild: D’Verkéiersopkommes ass esou guer erofgaangen.

Den Home Office ass och nach net ganz verschwonnen. Obwuel en direkt nom Lockdown am Fréijoer 2020 erofgaangen ass, sinn ëmmer nach 32 Prozent vun den aktiven Aarbechter, déi kënnen am Télétravail schaffen.
All Dag schaffen dem Statec no ronn 470.000 Mënschen zu Lëtzebuerg, knapp d’Hallschent (220.000) dovunner si Frontalieren. Méi wéi een Drëttel an domadder de gréissten Deel vun den Deplacementer ass fir d’Aarbecht oder d’Schoul. Aner Weeër ginn zum Beispill fir d’Fräizäitaktivitéiten oder d’Akeef gemaach. Den Auto ass dem Lëtzebuerger säi léifstent Transportmëttel. Iwwer d’Hallschent (65 Prozent) vun dësen Deplacementer geschitt mam Auto. Dat ergeet eng Analyse vum Projet Mmust.
Dat ass ee Modell, bei deem d’Zenarioen a d’Visiounë fir d’Mobilitéit an der Groussregioun entworf ginn. Dobäi gëtt zum Beispill d’Fuerverhale vun de Leit ofgefrot an et gëtt awer och e Bléck op den Trafic geheit.
Virun allem géint 8 Auer a 17 Auer ginn et zu Lëtzebuerg déi meeschte Stauen, esou Informatioune vu “TomTom.” Déi lescht siwen Deeg war souguer méi Stau, wéi am Duerchschnëtt an de Jore virdrun.