Iwwert Diddelenger AutobunnNei Passerell fir Foussgänger a Cycliste gouf mat Kranen op hir Plaz manövréiert

Andy Brücker
E Samschdeg gouf déi 90 Tonne schwéier Passerell installéiert, déi Beetebuerg-West an -Ost matenee soll verbannen. Si ersetzt déi al "Muppebréck".
A3: Nei Passerell fir Foussgänger a Cycliste gouf op hir Plaz manövréiert
Déi al Bréck war ze kleng ginn, wéinst der Verbreedung vun der Autobunn.

Déi al Bréck war ze kleng ginn, wéinst der Verbreedung vun der Autobunn A3 op 3 Spueren. E Samschdeg ass déi al Bréck ofgebaut ginn, an déi nei Passerell gouf mat Hëllef vun zwee massive Kranen op hir Plaz gesat. Si weit net manner wéi 90 Tonnen.

Et handelt sech ëm eng Stolkonstruktioun aus engem Goss, wouduerch keng Schweessaarbechten néideg sinn. Si ass 60 Meter laang an deemno ronn 20 Meter méi laang, wéi déi al Bréck, a si ass mat hiren 3 Meter och méi breet. Deemno kéinten hei am Noutfall och Autoen driwwer fueren, wat virdrun net méiglech war. Haaptsächlech kënne sech dann elo Foussgänger a Cycliste bequeem iwwert déi Bréck deplacéieren, ouni dass een deen aneren hënnert.

Och d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat sech e Samschdeg bis op de Schantjen deplacéiert, fir bei der spektakulärer Installatioun vun der Passerell dobäi ze sinn.

Am Fréijoer 2026 wäert d’Passerell vu Ponts et Chaussées fäerdeggestallt ginn, esou d’Yuriko Backes an engem Post op de soziale Medien. De Mobilitéitsministère géif zesumme mat Ponts et Chaussées intensiv um Ausbau vun der A3 schaffen, deen an e puer Etappe géif geschéien. Zil wier et, bis 2024 mam Ausbau bis op déi franséisch Grenz fäerdeg ze sinn.

Den Deputéierte Gusty Graas huet sech dann och ganz erfreet gewisen, dat mam Statement: “Beetebuerg huet seng Muppebréck erëm.”

Wéinst dësen Aarbechten un der Passerall ass d’A3 dann och schonn zanter e Freideg den Owend a bis e Méindeg de Moien tëscht dem Gaasperecher an dem Beetebuerger Kräiz a béid Richtunge fir den Trafic gespaart, wat op den Deviatiounen deementspriechend fir Perturbatiounen am Trafic suergt.

De Communiqué vum Transportministère

En date du 25 octobre 2025, Yuriko Backes, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, a visité, en présence de Laurent Zeimet, bourgmestre de la commune de Bettembourg, ainsi que des représentants de l’Administration des ponts et chaussées, le chantier de la construction de la nouvelle passerelle piétonne sur l’autoroute A3 dans le cadre de son élargissement à 2x3 voies.

Une passerelle assurant un franchissement sécurisé pour les piéton*ne*s et cyclistes

Située entre l’échangeur de Livange et la croix de Bettembourg, à hauteur du château de Bettembourg, elle remplace l’ancienne passerelle en acier qui a été démontée le matin pour faire place, dans l’après-midi, à la nouvelle passerelle pesant environ 90 tonnes et ayant nécessité le recours à deux grues mobiles de 750 tonnes. Grâce à cette passerelle, dont la portée entre les culées est de 60 mètres avec une largeur de tablier de 3 mètres, un franchissement en toute sécurité est ainsi assuré pour les piéton*ne*s et cyclistes.

Les travaux, dont le budget total s’élève environ à 1.750.000 euros TTC, devraient être finalisés d’ici le mois de mai 2026 et porteront notamment sur l’aménagement des chemins d’accès et leur raccordement à la nouvelle passerelle.

Mise à profit de la fermeture de l’autoroute pour d’autres travaux

Dans le cadre de la mise en place de la passerelle, l’Administration des ponts et chaussées a profité de la fermeture de l’autoroute A3 pour effectuer d’autres travaux et ainsi éviter des perturbations ultérieures, notamment:

  • le renouvellement de tapis à la jonction A3/A6,
  • des travaux de maintenance sur les OA1035 et OA1038 situés près de la croix de Gasperich,
  • des essais de charge sur l’OA1025 (viaduc de Livange),
  • des travaux préparatoires au viaduc de Livange,
  • des travaux de finitions des accotements sous le pont Y (OA1171),
    divers travaux sur les portiques.
Back to Top
CIM LOGO