
D’Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum géif esou gestäerkt ginn, ouni awer d’Passagéier ze benodeelegen, sou de Kulturministère an den Transportministère an engem gemeinsame Communiqué. Esch an Déifferdeng sinn dann och déi éischte Garen am Land, dech sech am neien “zweesproochege Modus” weisen.
Dozou d’Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten: “Eng zweesproocheg Beschëlderung an eisen Transport-Infrastrukture stäerkt d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum. D’Garë vun der CFL, op deenen all Dag vill Residenten a Residenteën, Frontalieren a Frontalièren a Visiteuren a Visiteuren zirkuléieren, profitéieren op déi Manéier vun enger Beschëlderung, déi d’Accessibilitéit vereinfacht. Den Affichage vun den Uertschaftsnimm verbessert d’Erëmerkenne vun den Uertschaften an dat mécht d’Orientéierung méi intuitiv a méi inklusiv fir alleguer d’Passagéier*innen.”
Den Eric Thill, Kulturminister an zoustänneg fir d’Lëtzebuerger Sprooch: “Dës Moossnam illustréiert op eng perfekt Manéier d’Complementaritéit vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an dem Engagement fir d’Méisproochegkeet. Se erlaabt et, déi kulturell Identitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken a gläichzäiteg d’Erëmerkennen an den alldeegleche Gebrauch vun eiser Sprooch ze vereinfachen. Dës Zort Initiativ dréit derzou bäi, d’Lëtzebuerger Sprooch méi am ëffentleche Liewen ze verankeren an esouwuel d’Residenten ewéi och d’Visiteure fir hir Wichtegkeet ze sensibiliséieren.“
Bis Enn 2026 sollen alleguerten d’Schëlder op der Garen am Land vun der CFL zweesproocheg sinn.