
Wéi Ponts et Chaussées matdeelen, ass den 1. September 2025 den Optakt vun der zweeter Maintenance- a Botzcampagne vun den Autobunnstunnellen. Ugefaange gëtt mam Tunnel Gousselerbierg.
Et ginn hei preventiv Maintenance-Aarbechten um Sécherheetsequipement duerchgefouert, respektiv futtis Elementer ersat. D'Equipementer gi gepréift an d'Tunnelle gi gebotzt.
Fir sou wéineg wéi méiglech Impakt op den Trafic ze hunn, ginn d'Aarbechte gréisstendeels nuets duerchgefouert.
Tunnelle Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Colmar-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchberg, Saint-Esprit, Pénétrante-Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès secondaire Esch-Belval, Micheville, Aessen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref a Markusbireg.
