De Roland Kalté zerwéiert eis e puer Gedanken um gëllene Plateau. A besonnesch haut ass et derwäert, sech d'Zäit ze huele fir d'Wierder ze verdauen.

Apropos: Chance verpasst!

Op eemol stung se do, am Gank vum Bus. E flüchtege Bléck, nach een, e scheit Schmunzen, e Moment Spannung, e bëssen irritéiert hues de zréckgekuckt, zréckgeschmunzt, an dunn awer erëm an deng Zeitung gekuckt. An dunn, ... war s’erausgeklomm. Schued!

E Moment nit opgepasst, gezéckt, an d’Geleeënheet ass laascht. An du weess, déi kéint nit méi erëm. Ni méi! Vläicht, - jo – vläicht, mä – du wäers et ni erausfannen. Fort ass fort, laascht ass laascht. Eng zoufälleg Renconter, eng zoufälleg Joboffer, e gënschtegen Hauskaf, ...

Geleeënheete kënnen eist Liewen veränneren. Op eemol si se do, einfach esou, ouni Virwarnung, trëlle fatal an eist Liewen. Entweder mer huele se mam Schlawittchen, tjo – oder ebe nit. Si sinn dacks erëm fort esou séier wéi de Blëtz.

Eng Geleeënheet ass eng Versuchung, dacks e vaagt Verspriechen, stellt eppes an Aussiicht, dat mer nach nit kennen. A meeschtens wësse mer nit, ob s’och hält, wat se versprécht. Dofir eist Zécken. All Geleenheet huet zwou Säiten, fuerdert eng Entscheedung a besteet just fir eng gewëssen Zäit ...  huet also eppes wéi en Aaflaafdatum. An iergendeemol gëlt: Elo oder ni!