Ausstellungen an Naturmuséeë sinn dacks grandios. Wat een dobäi awer gäre vergësst, ass, wéi vill Aarbecht d'Fleeg vun enger Kollektioun verlaangt ... De Luc Marteling war eemol hannert d'Kulisse vun esou engem Musée kucken.

AUDIO: Apropos: Päiperleken am Pabeier - vum Luc Marteling

De Raum ass zimlech kleng a bannendran ass et ganz roueg. Heiansdo héiert een e bësse Pabeier raschelen, heiansdo en Apparat klicken. Hei geet et konzentréiert zou, well hei gëtt mat filigranen a mat alen Objete geschafft.

Déi 3 Leit sëtze bei hire Pulter a loosse sech net stéieren: Si fotograféieren al, doudeg Päiperleken. Hir Päiperleke sinn net aus Pabeier, hir sinn am Pabeier, jo, Dir hutt richteg héieren (oder gelies): am Pabeier.

Esou wéi dësen hei: Gefaangen 1909 a Malaysia an dunn an eng kleng Enveloppe gestach, fir konservéiert ze ginn. Eng hallef Weltrees an iwwer ee Joerhonnert huet dat aarmt Déier schonn an de Flilleken. Just fir seng Existenz ze dokumentéieren. Fir seng Präsenz zu engem bestëmmten Ament op enger bestëmmter Plaz ze beleeën. Also fir eppes ze beweisen, fir sech ze erënneren, fir – iergendwéi – d'Zäit unzehalen.

Fir e kuerzen Ament duerft deen historesche Päiperlek elo eraus aus sengem Pabeiershaus. Ganz douce gouf en op eng wäiss Plack geluecht ... a fotograféiert! Du goufe seng Donnéeën nach agetippt an esou gouf dat antikt Insekt digitaliséiert. Fir déi, déi no eis kommen.

Dat ass eng Heedenaarbecht, déi sécher op ville Plazen an der Welt geleescht gëtt. Dës hei an Holland, wou no der Finanzkris zwee Naturmuséeën zesummegeluecht goufen an elo hir Kollektioune fusionéiert an nei opgeschafft ginn.

RTL

Fir dobäi ze hëllefen, kommen e puer Mol d'Woch dräi Fräiwëlleger an de Musée Naturalis zu Leiden bei Amsterdam. An dee klenge Raum, verstoppt iergendwou an engem Niewegebai. 5 bis 20 Päiperleke kréie si bannent enger Stonn digitaliséiert. Eemol hat een e ganz gudden Dag an huet der an 8 Stonnen 170 gepackt – eng Zort Rekord fir d'Éiwegkeet.

Sech fir esou eng Aarbecht hierzeginn, do virdrun zéien ech den Hutt. Et ginn einfach Aarbechten oder Aart a Weisen, fir Aarbechten ze maachen, déi ee just da maache kann, wann ee se fräiwëlleg mécht – Respekt!

Déi beschte Motivatioun ass eben déi, déi vu banne kënnt – déi een huet, well een un eppes gleeft, well engem eppes wichteg ass, well een eppes gutt maache wëll. Valeuren eben, déi ee sech selwer ginn huet, déi een also weder opgeschwat nach opgezwonge krut, ma fir déi ee sech gäre selwer engagéiert ... fräiwëlleg, am Déngscht vun eppes méi Groussem, wéi an dësem Fall enger Kollektioun, engem Musée oder einfach den Naturwëssenschaften, also der Mënschheet oder hirem Wëssen. Dat ass och eng Form vun Humanismus, vun natierlechem Humanismus.

Iwwregens: Am Naturalis waarden iwwer 500.000 Päiperleken tëscht Pabeieren op hire Foto-Optrëtt fir d'Éiwegkeet ...

RTL

Méi e rezente Päiperlek am Naturalis, dee grad a Form bruecht gëtt.