De Roland Kalté hänkt a Gedanken nach zum Deel am Joer 2017 fest. Hie beschäftegt sech mat enger Wourecht, déi ontrennbar mam Liewe verbonnen ass.

Apropos: Wéi laang nach?

Johnny Hallyday, Jana Nowottna, Fats Domino, Jerry Lewis, Helmut Kohl, Roger Moore, Al Jarreau, déi kenne mer all, an déi vill aner, déi mer nit all kannt hunn, déi awer grad esou wichteg waren, hunn eis dat lescht Joer verlooss.

Mer wëssen, domat musse mer liewen. Iergendeemol musse mer gouen. Mer wësse just nit wéini.

Mee – wat wier wann? Wa mer déi Liewenszäit, déi nach bleift, ginge kennen, oder se gewuer kéinte ginn? Wéilte mer se wëssen? D’Informatioun u sech ännert jo eigentlech näischt. Den Doud kéint, esou oder esou. Mee hätt déi Info do nit d’Muecht, d’Liewen ze veränneren. Den Datum wier jo dann eppes wéi d’Arrivée vun enger Course, - eng richteg Deadline. An all Sportler weess, dass et e qualitativen Ënnerscheed gëtt, einfach esou vru sech hin ze joggen oder sech op eng Course ze preparéieren. Dee fir d’Course ass vill méi motivéiert. E notzt seng Zäit vill méi konsequent.

Wat ging ee bereien, nit gemeet ze hunn?

Géing ee vläicht an deem Fall säi Liewe méi bewosst liewen? Iergendwéi wéisst een, wou een dru wier. Eventuell bräicht ee sech keng oder nit méi vill Gedanken fir d’Zukunft ze man. Eng schéi Rees man, statt nach fir en Auto ze spueren. Och wann et eigentlech e grujelege Gedanken ass, mee – et géing ee bestëmmt méi intensiv liewen, méi bewosst, 't kéint esouguer d’Liewen beräicheren. Mee – 't ass jo nit esou. ’t war just esou e bësse gesponn, fantaséiert. A wat wier d’Welt, d’Liewen ouni Fantasie?

Awer iwwer verbëtzten Zäit kann en awer schonn emol nodenken, oder?