Kanner mussen duerfe Kanner sinn

Och de Roland Kalté war emol eng kéier jonk ... a kleng. A Gedanken ass déi Zäit nach ëmmer net ganz verblatzt. An hie stellt fest, dass Kand sinn haut anescht funktionéiert wéi deemools.
„Mer haten eng immens flott Kannerzäit“ huet eise Bouf, deen haut och scho nit méi grad de Jéngsten ass, eis eemol gesot. „Mer hunn duerfe spillen, kounten eraus an d’Natur, haten e Recht op eise fräi Nomëtteger, op d’Vakanz, och alt emol op eng bluddeg Nues oder opgeschruppte Knéien, mee egal. Keen Drock, keen Zäitplang...“
Hunn elo erëm mussen u seng Wierder denken, wéi ech Fotoen vun der Loretta Lux gekuckt hunn, - eng Ausstellung déi „im Land der Kinder“ geheescht huet.
Komesch Fotoen. Fotoe vu Kanner mat Gezei un, wéi Erwuessener sech undinn. D’Loretta Lux huet s’iergendwéi zu Poppe gemeet. Wahrscheinlech geformt duerch Wéinsch a Projektiounen vun den Elteren. De Kanner hier Blécker ware natierlech deementspriechend.
Mee ass et haut nit dacks esou, dass verschidden Elteren an hire Kanner nit d’Kanner gesinn, déi se sinn, mee déi Erwuessen, déi s’eemol ginn, kënne ginn, solle ginn.
Wat Kanner haut man, muss sech mar rentéieren. Alles gëtt virausgeplangt, d’Steng aus dem Wee geraumt, Talenter gesicht an ënnerstëtzt (esouguer, wa keng do sinn). Prognose ginn direkt opgestallt, alles ënner „geléngen“ a „scheiteren“, ënner „Zäit genotzt“ oder „verbëtzt“ klasséiert.
Mee Kanner si nit Persounen vun der Zukunft, si si vun haut.
Meng Erënnerung un d’Kannerzäit ass dobaussen, Hütte gebaut am Bësch, Fussball gespillt, Tour de France nogefuer, all Kopp am Duerf oder rounderëm war e Pass an den Alpen, am Wanter mam Schlitt gefuer, bis d’Féiss vu Keelt wéi gedou hunn. Alles ouni Mamm a Papp, an alles ouni Zäitdrock.
Haut ass dacks iwwerall eng Mamm, e Papp, en Educateur/-trice, en Trainer derbäi. Dee permanent en A op se huet. Dass nëmme näischt....
Natierlech solle Kanner e Recht op Schutz hunn, awer och e bëssi op Riski. Well, wie ni fält, wäert ni opstouen, a wie ni verléiert, wäert och ni gewannen!