De richtegen Zäitpunkt

De Roland Kalté schwätzt haut en Thema un, dat eis all fréier oder spéider am Liewe beschäftegt. An dacks esouguer méi wéi ee mol.
„Do hat ech de richtegen Zäitpunkt verpasst!“ kenne mer all, oder?
T’ass fir ze vrecken, t’erkennt een de richtegen Zäitpunkt, de richtege Moment eréischt, wann en eriwwer ass.
D’Schwieregkeet ass nit, iergendwou unzekommen, mee de richtege Moment d’Richtung ze wiesselen, sech neien Erausfuerderungen ze stellen, eventuell an d’kaalt Waasser ze sprangen, Ängschten z’iwwerwannen, Suerge lasszeloossen, sech selwer eppes zouzetrauen.
Déi Kräizungen, Iwwergäng, Decisiounen – e Kapitel ass aafgeschloss, dat neit huet nach nit ugefaang, de Punkt 0, bei deem alles méiglech schéngt, vun deem een eng ganz aner Richtung kéint aschlouen wéi déi, déi deen aus mer gemeet huet, deen ech sinn.
De richtege Moment verpasst, en anere Wee geholl. Wéi wier et gewiescht, wann ech diemools..., wat wier anescht verlaf? A wier et besser ginn? Hat ee vläicht esouguer nit de richtege Moment verpasst, fir de falsche Wee? Sech ze verlafen? Wee weess? An heiansdo muss ee fir d’éischt de falsche gouen fir de richtegen ze fannen. An da ginn et der och nach, déi waarden nach op de richtegen Zäitpunkt. Si mengen, de richtege Moment ass nach nit koum. Mee opgepasst! Ween ze laang op de richtege Moment waart, wou e kéint, verpasst eventuell deen, wou e kann.
Déi richteg Geleeënheet ass nit an der Zukunft, an och nit an der Vergaangenheet. De beschten Zäitpunkt fir eppes ëmzerappen, ass ëmmer elo.