D'Fro vun der Identitéit geeschtert haut duerch dem Roland Kalté seng Gedanken. Hien illustréiert et mat enger Geschicht.

Apropos: Mir sa mir

Mer wëllen, mer sollen, mer mussen, - oh jo, mer solle wëllen, a mer musse vill. Mer. Wie si mer iwwerhaapt? Mer – dat eis do zesummenhält, zesumme soll halen.

Do sëtz de – zum Beispill – am Zuch, vun egal wou op iergendwouhin. Vis-à-vis sëtzt – hien do, ësst eng Banann. A méi eriwwer sëtzt si do, liest an hirem elektresche Buch. An da nach deen do iwwer, dee mat de wäisse Socken. Kenns keen! Lauter Friemer.

An da fiert den Zuch nit mat Zäite fort. Si do kuckt mech, hien do kuckt si an deen do iwwer, dee mat de wäisse Socken, mécht d’Féinster op a kuckt, firwat den Zuch nit fiert. Wéi wann een dat géing gesinn. A well e scho bal 5 Minutten iwwert d’Zäit ass, fänke mer un, eis z’iergeren. E „MER“ huet sech gezwafft, aus hier do, him do, deem mat de wäisse Socken a mer. Obwuel mer eis nit kennen. Mee fir eng kuerz Zäit ass esou e magescht Band tëscht eis entstan, en temporären Zesummenhalt, eng Zort Solidaritéit géint den Zuchveräin vu Lëtzebuerg, CVL oder wéi heescht en. Jiddereen ass wuel en Unikat, awer elo trotzdeem en Deel vun engem Ganzen.  Eigentlech ass ee seelen „ECH“, meeschtens ass ee „MER“. Bal ëmmer am Grupp. An der Famill, am Veräin, op der Aarbecht. Du gehéiers bal ëmmer zu iergend engem Grupp. Gewoult oder nit.

Eise „MER“ hei am Zuch ass méi wéi wahrscheinlech duerch d’Päif, sou bal den Zuch bis fortfiert. A spéitstens wa mer aus dem Zuch erausklammen a si do, hien do, dee mat de wäisse Socken an ech säin eegene Wee geet.