De Roland Kalté ass keen Ongedëllegen. Mä d'Welt ronderëm hien ass et awer. Dat ass den Ophänkert fir de Gedankegang, deen hien haut mat eis mécht.

Apropos: Dajee, entscheet dech!

Eh jo, déi Entscheedungen. Permanent steet ee virun enger Situatioun, déi eng Decisioun verlaangt.

Wéi e Beruff soll ech léieren? Wéi e Partner wëll ech? Wëll ech Kanner? Oder léiwer keng? Drénken ech nach een, oder ass et genuch? Soll ech haut e bëssi Sport man, oder gëtt et nit nach vläicht eventuell eng Grimmel Reen?

Dacks ass een iwwerfuerdert. Egal – mer mussen eng huelen. Soss - huelen anerer se fir eis, an dat wëlle mer jo och nit, oder? Well - aus der abstrakter Méiglechkeet vum Wielen gëtt duerno konkret Wierklechkeet fir eis. Am Decidéieren manifestéiert sech eise Wëllen.

Wéi entscheede mer? Rational? Och dacks emotional! Oder – d’Entscheedung geet einfach nëmmen a Richtung Versuch.

Mer kënnen heiansdo gläichzäiteg eppes wëllen, an och nit wëllen. Oder gläichzäiteg de Géigendeel wëllen. T’ass alles nit esou einfach. Mer si Patchwork-Wiesen. Gefill a Verstand, Instinkt an Asiicht, Egoist an Altruist, Engel an Däiwel. Wéi och ëmmer, all zéien a verschidde Richtungen.  Eigentlech soll et jo de Verstand sinn, deen decidéiert. Mee – Verstand a Gefill kämpfen en éiwege Kampf. Et geet drëm, d’Entscheedung an der gréisstméiglecher Harmonie tëscht Bauch, Häerz a Verstand ze huelen, all déi Stëmmen do bannen dran solle matschwätzen.

Wat just ëmmer schlëmmer gëtt, dat ass, dass an eiser Welt vun den onbegrenzte Méiglechkeeten d’Entscheedungen zur Plo ginn. D’Zuel vun den Handlungsoptioune wiisst a wiisst. Mer hunn déi eng Decisioun knapps geholl, sti mer vrun der nächster. Déi Mass vun Optiounen geet a Richtung Tyrannei vun de Méiglechkeeten.