Geloossenheet

De Roland Kalté analyséiert de Liewenszyklus.
Dat al ginn ass – eigentlech vun der Gebuert un – hannert engem hier ewéi e Stalker. Nit ze bännegen a nit ze bremsen. D’Perioden vum Liewen sinn e bëssen ewéi d’Joreszäiten. Dat éischt Véierel entsprécht dem Fréijoer, dem onendleche Raum vun de Méiglechkeeten, deen ee mat spillen, ausprobéieren a Bildung verbréngt. An deem éischte Véierel passéiert immens vill, an all Erfuerungen, déi dobäi gemeet ginn, brauch a benotzt een am Rescht vum Liewen.
An der zweeter Zäit, dem Summer, fänkt d’Zäit schonn u mat drängelen. Do geet et drëm, laangwiereg Projeten unzegouen. Eng Famill grënnen, berufflech Ziler erreechen. T’steet ee souzesoen an der Mëtt, am Zentrum vum Liewen. Dacks gestresst, voll am Jus, kee Gedanken un d’Alginn.
Duerno, am Hierscht souzesoen, kéint déi Zäit, wou d’Zuel vun de Joren, déi nach kommen, méi kleng sinn, wéi déi aus der Vergaangenheet. Mat Midlife-Kris a Wiesseljoren ännert sech d’Perspektiv op d’Liewen, dat méi enk gëtt.
Nëmme mat Geloossenheet bréngt een et fäerdeg, deenen ënnerschiddlechen Zäiten vum Liewen gerecht ze ginn. Déi hefteg Gefillsopreegunge vu fréier berouege sech. D’Liewen geet esou säi Gank. - - Alles scho geschitt!
- Hate mer alles schonn.
- Näischt Neits ënnert der Sonn.
T’gëtt een iergendwéi duerch seng Liewenswäisheet an –erfahrung esou e bëssi zum Liewenskënschtler.
T’brauch ee sech an der Welt näischt méi ze beweisen.
T’gëtt ee méi cool, méi labber, méi gedëlleg, méi roueg.
T’kann ee gemälleg zréckkucken.
An dee beschten Aussiichtstuerm vum Liewen ass d’Geloossenheet. Si bedeit lassloossen vu Vergaangenheet an Zukunft, fräiloossen vun Ängschten. De Geloossenen notzt seng Chance besser wéi de Gedriwwenen.
An dofir ass et schued, dass vill vun eis s’eigentlech vill ze spéit entdecken.