Schwaarz Kleeder sinn edel, sober, elegant, mä si kënnen nach vill méi ausdrécken: Protest op där enger, Ënnerdréckung op der anerer Säit. Mä um Enn geet et ëm een an dat selwecht Thema: Black is black mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Bei de Golden Globes hunn se a schwaarze Kleeder demonstréiert als Protest géint dat, wat sech an de leschte Méint héichgeschaukelt huet a wat alles un net fraefrëndleche Macheschaften a Machogehabe erauskomm ass. Zu Hollywood an net nëmmen do. Sexuell Belästegung a Muechtgespills géint Fraen a Männer. D'Schwier ass geplatzt an d'#Me too-Bewegung huet sech esou uechtert déi virtuell Welt ausgebreet, datt der hu mussen an der realer Welt zerécktrieden oder esouguer aus fäerdeggedréinte Filmer erausgeschnidde goufen. Gutt esou. Och wann d'Bewegung vläicht elo schonn dacks d'Impressioun gëtt, datt eng Hexejuegd amgaange wier an datt der elo vill op eng Kar opsprangen, déi ëmmer méi u Vitess kritt. A Schweden plange se un engem Gesetz, dat festhält, datt ee virum Sex sech muss eens sinn, datt jiddereen dat wëllt. Sou wéi et jo ass, oder net?
Mä bei där ganzer schwaarzer Zeremonie vun de Golden Globes, huet een eenzegt Wuert vun enger Fra ganz massiv gewisen, datt et domadder net duergeet. D'Natalie Portman sot, wéi se de Präis fir de beschte Regisseur ugekënnegt huet: "And here are the all male Nominees". Nëmme Männer an et ass net, datt keng Fraen a Fro koum wieren.
En Hashtag an e Wuert soe vill. An et si staark Fraen an enger fräier Welt, déi sech wieren.
 Gëschter huet mech nieft dësem Wuert awer och eng Foto markéiert, op där ee Frae gesäit, déi och schwaarz gekleet sinn. Knapps aus Protest, mä aus Zwang. Op der Foto gesäit ee se op enger Tribün sëtzen vun engem Stadion, mat Fändelen am Grapp, iergendwou am Hannergrond ass e Kand an engem gréngen T-Shirt ze gesinn, wou Saudi Arabia dropsteet. D'Foto gouf bei engem Futtballmatch gemaach, well zënter dëser Woch dierfen d'Fraen op der arabescher Hallefinsel Fussball kucke goen, vum Mee un duerfen se och an de Kino a vu Juni u mam Auto fueren. Endlech, denkt een do nach just, an et huet een e kléngt Gefill vun Erliichterung, mä de Wee vun dëse Fraen ass nach en wäiten. Reesen oder studéieren duerfe se nach net ouni d'Autorisatioun vun hirem Mann, Papp oder Brudder.
Also dach nach ëmmer eng "all male"- Gesellschaft fir der Natalie Portman hiert "Golden-Globe-Zitat" nach emol opzegräifen.

AUDIO: Apropos "Black is black"