Bigger, Better, Faster, More

„Bigger, Better, Faster, More“ war den Titel vun eenzegen Album vun der amerikanescher Alternative-Band „4 Non Blondes“ an ass e Motto, deen net just Freed mécht, mengt de Yann Logelin haut a sengem Apropos:
All Dag e bësse méi, all Dag e bësse besser... genee esou sollte mer, wann een vill Experte gleewe wëll, mat eis selwer ëmgoen. Mir sollten all Dag un eis schaffen, ni Rou ginn an ëmmer probéiere méi aus eis erauszehuelen, fir eis esou laang ze verbessere, bis mer endlech okay sinn.
Sech all Dag selwer ze steigeren, ass awer onmënschlech. Dat packt kee Mënsch éiweg. Dat féiert zu engem Punkt op deem et kee Retour méi gëtt a wou mer ënnert deem Drock, dee mir eis selwer maachen, oder deels och vu Gesellschaft gemaach kréien, eng Kéier zesummebrieche mussen. Zu engem Punkt wou mer ausgebrannt sinn... e Burnout kréien. An deen ass scho laang net méi e Randphänomen an eiser Gesellschaft, mä wäit verbreet.
An dat ass nach laang net ëmmer d'Schold vun der Schaff oder dem Chef, déi einfach ze vill verlaangen, well deen ass dacks guer keen esou e Monster an d'Aarbecht kéint een och esou strukturéieren, dass se ganz entspaant kéint gemaach ginn.
Deen, deen der vill vun eis an de Burnout dreift, dee si mer dacks selwer. Mir wëlle „Bigger, Better, Faster, More“ ginn a vergiessen esou ganz heefeg, dass mer eigentlech schonn op engem Punkt ukomm sinn, op deem eis Matmënschen eis akzeptéieren, valoriséieren an deels esouguer appreciéieren.
Gutt wier, wa mer heiansdo, de klengen Däiwelchen op eiser Schëller ignoréiere géifen an eis och emol mat deem zefridde ginn, wat mer scho kënnen, schonn erreecht hunn, amplaz ëmmer weider an ëmmer méi séier no neie Stären ze gräifen, déi, an dat schéngt e Gesetz vun eisem Kosmos ze sinn, dann och ëmmer méi wäit ausenaner leien.