Am Apropos vun haut beschäftegt sech d'Bea Kneip mat engem Objet mat dem mer alleguer all Dag ze dinn hunn...

Apropos vum Bea Kneip: De Rullo

Wéi hänkt een e Rullo Toilettepabeier richteg op? Sou dass dat nächst Blat no vir weist oder no hannen zur Mauer? A wien kënnt iwwerhaapt op déi Iddi sech doriwwer Gedanken ze  maachen? Nujee, iergendeen muss sech wuel dofir interesséieren, well deslescht hunn ech e ganzen Artikel doriwwer um Internet fonnt. An dee schéngen och aner Leit fonnt ze hunn, well e gouf nawell zolitt geliked a kommentéiert. Den Inhalt vu verschiddene Commentairen wëll ech Iech hei léiwer erspueren...wahrscheinlech kënnt Dir Iech souwisou schonn denken wat d’Leit wuel doriwwer ze schreiwe wossten.
 Interessant ass awer, dass all Mënsch déi Roll anescht interpretéiert: Do ginn et d’Dogmatiker déi drop schwieren fir d’Bliedchen no vir ze dréinen, d’Pragmatiker déi de Pabeier léiwer den anere Wee ofrullen, an d’Revoluzzer déi hire Rullo carrément op de Lavabo oder op d’Buedbidde stellen, jee nodeems. Am Fong ass et jo egal, Haaptsaach de Pabeier ass am kruziale Moment zur Hand.
Sou e Rullo ka villes sinn: Unis wäiss, faarweg, zweelageg, dräilaageg, oder mat iergendengem Motiv verschéinert. Just eppes ass en ni: onendlech. A grad dowéinst  ass esou e ganz gewéinleche Rullo Toilettepabeier dat perfekt Mëttel fir Solidaritéit mat eise Matmënschen ze beweisen: wien um Enn vum Rullo ukomm ass, dee sollt schonn un den nächsten denken. Den nächste Rullo an den nächste Benotzer.