Ëmmer erëm liest een respektiv héiert e vu deene verschiddenste Fäll vu Bedruch. An dës Fäll ginn et ëmmer méi oft. Et soll e wierklech gutt oppassen, net a sou eng Situatioun ze kommen. An awer gleeft d’Sandra Mélan éischter un dat Gutt am Mënsch.

Ëmmer erëm héiert een vun neie Bedrugsmaschen, iwwer d’Taktiken een ofzelenken, wann e Suen um Bancomat ophieft bis hin zu Methoden déi et scho laang ginn, wéi de sou genannten „Enkeltrick“. Oft gi falsch Tatsaache simuléiert, fir datt een an eppes erafält.

Wann een dat alles ëmmer erëm héiert misst e praktesch iwwerall scho bal oppassen, datt een net a Schwieregkeete kënnt, ugeschmiert gëtt, beklaut gëtt. Et ass och gutt a wichteg, datt virun deenen Onéierleche gewarnt gëtt, datt een net bemol selwer Affer gëtt. Déi Preventioun ass e grousse Schrëtt fir datt ëmmer méi oft sou Situatiounen evitéiert kënne ginn.

Och wann et vill Onéierlecher op der Welt ginn, déi nëmmen drop aus sinn aner Leit ze bedupse fir u Suen ze kommen, ginn et awer nach vill méi éierlech Leit. Et wär dach schéi wann een an enger Welt kéint liewen, wou et JUST éierlech Persoune géing ginn. Dir sot mat Recht, datt dat just en Dram ass. Jo, et ass Wonschdenken. Mee wann ech awer sou doriwwer nodenken, da gefält mir dee Gedanken awer.

Bedruch gouf et nach ëmmer a wäert et och nach weider ginn, D’Taktike ännere just. Also ass et wichteg fir ëmmer rem drop opmierksam gemaach ze ginn, wann et op en Neits eng nei Aart a Weis gëtt fir d’Leit hannert d’Liicht ze féieren. Mir sollen eis awer net dovunner ofhale loossen oppen openeen duer ze goen a fir d’éischt emol dovunner auszegoen dass eise via-à-vis een vun der éierlecher Zort ass.