Dass d’Leit nees méi matenee schwätze géifen; dat wënscht sech d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: Gutt, dass mer driwwer geschwat hunn!

“Kommunikatioun”, dat héiert sech u wéi e ganz modernt Wuert, eent dat an eis digitaalt Zäitalter erapasst wéi den Deckel op d’Dëppen. An et ass jo och e ganz modernt Konzept, mat dem sech, niewebäi gesot,  och nach richteg vill Geld verdénge léisst. Et brauch ee just un d’Gigante vun der Telekommunikatioun ze denken, Smartphone-Fabrikanten oder och nach sozial Netzwierker.
An déi modern Medien dominéieren ëmmer méi eis Kommunikatioun. Et ass natierlech immens praktesch, wann een an Zäit vu Sekonne Messagen op déi aner Säit vum Globus schécke kann. Mat Mail, SMS, Facebook, Whatsapp a wat net soss nach alles, bleiwe mer dann och 24 Stonnen op 24 konnektéiert, kënnen all méiglech an onméiglech Informatiounen zu all Moment ofruffen, ginn awer dacks och vun enger regelrechter Date-Lawinn zougeschott. D’Erausfuerderung besteet also net méi dodran fir un eng Informatioun ze kommen, mä fir se an der Mass vu meeschtens onnéidegem Material erëmzefannen. Iwwerdeems gëtt awer vun eis erwaart, dass mir iwwer all déi Detailer zu all Moment Bescheed wëssen, se si jo disponibel, iergendwou an deenen zéngdausende  Messagen déi mer am Laf vun der Zäit un eis Mailbox geschéckt kruten,  oder soss enzwousch am World Wide Web.  Ok, ech ginn et zou , dat ass elo e bëssen iwwerdriwwen, mä Dir verstitt wat ech mengen...Fir de Wee duerch den Info-Dschungel ze fannen, kéint en almoudesche Reflex villäicht hëllefen: Et schwätzt ee mateneen.  Dat hëllt dach alles vill ze vill Zäit, soen déi eng, dat nervt dach nëmmen, soen déi aner...mä heiansdo schreift ee laang ronderëm de Bräi, obwuel een an engem perséinleche Gespréich e Mëssverständnes direkt kéint opklären. An all Emoticons vun dëser virtueller Welt  kënnen net dat ersetzen wat aus Tounfall a Kierpersprooch an engem echte Gespréich erauszeliesen ass.  A just well mir all déi nei Kommunikatiounsmëttel notzen, heescht dat jo net, dass mir den eelsten Informatik-Tool vun allen, nämlech d’Gespréich, net méi géife brauchen! An dem Sënn, gutt, dass mer driwwer geschwat hunn...