Ech si frou

An eisem Apropos vun haut ass de Yann Logelin einfach emol frou...
Ech si frou, dass ech dës Woch net an der Schwäiz sinn, dass ech net zu Davos sinn, dass ech net zu den Invitéë vum Weltwirtschaftsforum zielen. Ech si frou, dass ech net mat den 3000 wichtegsten, dichtegsten, geschäftstüchtegsten a räichste Persoune vun der Welt matten am meterhéije Schnéi vun de Schwäizer Alpen a stonnelaange Konferenzen a Symposien iwwer d'Ekonomie an d'Globaliséierung, iwwer Rentabilitéit a Ressourcen, iwwer Entwécklung a Gerechtegkeet diskutéiere muss.
Ech si frou, dass ech och net owes muss mat deene selwechten Decideuren üppeg Menüen, mat deierem Wäin, enger exklusiver Havannas-Zigarr an engem Gliesche Whisky aus engem rare Fässelche muss genéissen, bei deenen da wierklech iwwert d'Zukunft vum Planéit an vun den 99% vun de Mënschen, déi zesumme manner Besëtz hunn ewéi déi puer honnert räichste Persounen, déi zënter Jore schonn d'Welt op genee esou Konferenzen zu enger besserer Plaz maache wëlle, decidéieren.
D'Fro stellt sech just op et just eng besser Plaz fir si soll sinn a ginn, oder ob et net endlech Zäit wier, dass d'Mënschheet vun den offensichtleche Virdeeler, déi eng Globaliséierung brénge kéint, profitéiere sollt. Dat ass jo manifestement net de Fall. Déi mega-räich ginn hyper-räich, e puer vun de super-räiche packen et mega-räich ze ginn an de Groussdeel vun der Humanitéit lieft nach ëmmer a prekäre Verhältnisser, honnerte vu Millioune Mënschen si frou um Schluss vum Dag eng Quell fonnt ze hunn aus där se Waasser kréien an déi kenger Multinationale gehéiert, déi sech mam Waasser aus deenen, dacks scho dréchene Regiounen, eng gëllen Nues verdéngt.
Ech si frou, dass dat alles Problemer sinn iwwert déi aner Leit sech ze Kapp zerbrieche mussen, ech zweiwele just drun, dass se et, op esou Rendezvousen ewéi deem zu Davos, fir d'Entwécklung an zum Wuel vun eis alle maachen. Ass déi eegen Täsch engem net ëmmer vill méi no, wéi déi vun deenen aneren?
Ech wier allerdéngs frou, wa mer als Mënschheet, a wa mer et virum allem als Leit, déi, egal ewéi gutt oder schlecht mer hei am Land gestallt sinn, zu deene glécklechen Äerdebewunner gehéieren, deene wichtegsten, dichtegsten, geschäftstüchtegsten a räichste Decideuren vun der Welt ze verstoe géife ginn, dass si net alles am Interêt vun hirem eegene Verméige maache missten. Mä duerfir misst ee sech mobiliséieren, gell diert?